Den ABB New York City E-Prix weist d'Zukunft vun der E-Mobilitéit an den USA.

Globale Technologieleader stäerkt säi laangjäregt Engagement fir voll elektresch Serien andeems hien den 10. an 11. Juli Renntitelpartner fir den New York E-Prix gëtt.

D'ABB FIA Formel E Weltmeeschterschaft kënnt fir de véierte Kéier zréck op New York City, fir um haarde Beton vum Red Hook Circuit zu Brooklyn unzetrieden. Den Duebel-Event vum nächste Weekend wäert de strikte COVID-19-Protokoller verfollegen, déi ënner der Leedung vun den zoustännegen Autoritéiten opgestallt goufen, fir datt et op eng sécher a verantwortungsvoll Manéier ofgehale ka ginn.

D'Streck, déi sech ëm de Brooklyn Cruise Terminal am Häerz vum Red Hook Quartier schlängelt, bitt Vue iwwer de Buttermilk Channel Richtung Lower Manhattan an d'Fräiheetsstatu. Déi 2,32 km laang Streck mat 14 Kéieren kombinéiert Héichgeschwindegkeets Kéieren, Gerader an Hoernälen, fir e spannende Stroossecircuit ze kreéieren, op deem déi 24 Piloten hir Fäegkeeten op d'Prouf stellen.

D'Titelpartnerschaft vun ABB beim New York City E-Prix baut op senger existéierender Titelpartnerschaft vun der vollelektrescher FIA Weltmeeschterschaft op a gëtt an der ganzer Stad promuéiert, dorënner op Reklammpanneauen um Times Square, wou och e Formel-E-Auto am Viraus vun de Rennen op d'Strooss fiert.

Den Theodor Swedjemark, Chief Communications and Sustainability Officer vun ABB, sot: „D'USA sinn den gréissten Maart vun ABB, wou mir 20.000 Mataarbechter an alle 50 Staaten hunn. ABB huet d'US-Präsenz vun der Firma zënter 2010 däitlech ausgebaut, andeems se méi wéi 14 Milliarden Dollar an Erweiderunge vun Anlagen, Gréngfeldentwécklung an Acquisitioune investéiert huet, fir d'Adoptioun vun E-Mobilitéit an Elektrifizéierung ze beschleunegen. Eis Bedeelegung um ABB New York City E-Prix ass méi wéi just e Course, et ass eng Geleeënheet fir E-Technologien ze testen an z'entwéckelen, déi den Iwwergank zu enger CO2-arme Wirtschaft beschleunegen, gutt bezuelten amerikaneschen Aarbechtsplazen schafen, Innovatioun fërderen an d'Auswierkunge vum Klimawandel reduzéieren.“

 


Zäitpunkt vun der Verëffentlechung: 07. Juli 2021